En neien Trend suergt fir zimmlech vill Opmierksamkeet an de soziale Medien. Op alle Plattforme geet vun enger neier Schockela Zort rieds: dem sougenannten Dubai Schockela. Ma gëtt dëse Schockela dem Hype gerecht?

30/10/2024 Dubai Schockela

Cremeg, knuspereg, séiss, an extrem exklusiv: online ass de Schockela séier ausverkaf, an och viru Butteker oder Caféë stinn d’Léit dacks laang an der Schlaang fir eng Tablett Dubai Schockela ze kafen. D’Chocolatière Lola Valerius erkläert, wat Dubai Schockela genee ass:

"Meeschtens ass bausse Mëllech-Schockela, bannendran ass se gefëllt mat engem Praliné vu Pistasche an deenen Engelshoer. Souwäit ech weess, sinn déi éischt, wou déi do Tablette Schockela gemaach hunn, si Chocolatieren zu Dubai. Effektiv sinn déi Engelshoer, déi bannendran sinn, typesch fir d' Baklava."

Zu Recht gëtt dës Tablett och heiansdo "Schoko-Gold" genannt. Tëscht 15 a 25 Euro ginn d’Leit fir sou eng Tablett aus. Wat rechtfäerdegt dësen héije Präis?

"Also et muss een dozou soen, dass d' Präisser vum Schockela am Moment ganz, ganz geckeg sinn. Mir selwer hunn och misste elo eis d' Präisser adaptéieren, well et déi lescht Jore ganz schlecht Recolte gouf, eng Penurie um Marché ass vum Kakao. Dat heescht, dat ass emol deen een. Déi eng Saach, Schockela ass am Allgemengen am Moment e bëssen e Luxusproduit, an déi aner Saach ass, dass d' Pistasch bannen dran ass. Pistasch ass och immens deier. An ech mengen déi zwou Saachen, déi kombinéiert sinn, an da kënnt natierlech dobäi, dass et Dubai Schockela ass. Dat heescht, do bezilt een och en Numm. An ech soen elo eng Mark am Fong, wou et net wierklech eng Mark ass, mee et bezilt een, alt de Luxus vun Dubai bezilt een natierlech mat."

Wie keng Loscht huet en ze kafen, kann den Dubai Schockela och selwer maachen. Op TikTok a co. ginn et méi wéi genuch Videoen déi engem genau weise wéi dat geet.

"Schockela ass, ech soen ëm eng Prinzessin, do kënnt et op all Grad un. Mee wa mer et ganz schnell eng Kéier géing et erklären, muss een éischtens mol eng Form hunn, eng Tablett-Schockelas-Form. Déi géisst een da mat Mëllechschockela, deen op der richteger Temperatur ass, voll. Dann dréint een d' Tablett ëm, et klappt een den iwwerflëssege Schockela eraus. An da wann deen haart ass, kann ee fëllen. An d' Fëllung wär an deem Fall d' Pistaschcrème. Normalerweis misst een se mat Schockela nach mëschen, fir dass se och dono haart gëtt. Meeschtens wäisse Schockela mat der Pistaschcrème. An dann déi Engelshoer, déi broden se meeschtens un an Ueleg oder si frittéieren se. Am Botter geet och. An da gëtt dat alles matenee gemëscht, do dra gefëllt. A wann déi Fëllung haart ass, da kann ee mat enger dënner Schicht Mëllechschockela Tablett erëm zoumaachen. Also et ass elo näischt, wat een einfach mol esou an zéng Minutten doheem mécht."

Wat dësen Trend nach méi ufeiert, ass dat jiddereen zu deene wëll gehéieren, déi de Schockela scho geschmaacht hunn. Trotzdeem gëtt den héije Präis vum Schockela och vu ville Leit kritiséiert.