Fir verschiddener geet schonn eng traureg Melodie oder eng tragesch Zeen an engem Film duer, fir dass Tréine fléissen. Mee och wann een sech futti laacht, bleift dacks keen Aen dréchen. Firwat kräische mer iwwerhaapt, wann eis Emotiounen iwwerkachen, Mister Science?

31/10/2024 Mr Science

No aktuellem Wëssensstand si mir déi eenzeg am Déiereräich, déi emotional Tréine vergéissen. Wëssenschaftler streiden awer nach doriwwer, firwat dat esou ass. Sécher ass nëmmen, dass mer Kräischen net musse léieren. Genau wéi Laache gëtt et eis an d’Wéi geluecht – an iwwerall op der Welt verstan. Firwat mer aus emotionale Grënn kräischen, do ginn et verschidden Hypotheesen, déi sech graff an zwou Gruppen andeele loossen. Déi eng mengen, mer géife kräischen, fir ze kommunizéieren. Duerch Tréine signaliséiere mer anere Mënschen, dass mir an enger emotionaler Ausnamesituatioun sinn a vläicht Trouscht oder Ënnerstëtzung brauchen.
Déi aner Grupp mengt, mir géife kräischen, fir emotional Erfarunge besser ze verschaffen a mat Stress eens ze ginn. Tréinen, déi duerch Emotiounen ausgeléist ginn, hunn eng aner cheemesch Zesummesetzung wéi Tréinen, déi z. B. beim Zwiwwel schneiden entstinn. Duerch Kräische kéint de Kierper z. B. iwwerschësseg Stresshormone fräisetzen.

A wien huet dann elo Recht?

Éischtens ass et esou, dass sech béid Usätz net onbedéngt ausschléissen. An allebéid hunn och gutt Argumenter. Mee et gëtt net vill wëssenschaftlech Etuden. D’Resultater si net eendeiteg, a widderspriechen sech zum Deel. Dat kéint dru leien, dass Emotiounen eppes ganz Subjektives oder Perséinleches sinn. Bei der Fro ob Kräische Stress reduzéiert, muss een sech op d’Aussoe vun de Probanden verloossen, amplaz vergläichbar Resultater objektiv ze moossen. E puer Stëmme mengen och, d’Etudë wären net systematesch. Donieft gouf observéiert, dass d‘Grënn fir emotionaalt Kräische geléiert ginn, wann een erwuesse gëtt. A wann ee kuckt wéi heefeg Mënsche kräischen, do spillt bei Kanner d’Geschlecht keng Roll. Dat ännert sech eréischt mat zirka 13 Joer. Frae kräischen ab dann 30 bis 64 Mol pro Joer, Männer 6 bis 17 Mol.

Okee, mee da ginn et jo och d’Tréinen, déi beim Zwiwwel schneide lafen?

Dat ass richteg. D’Wëssenschaft ënnerscheet dräi Zorte vun Tréinen: déi reflektoresch, déi basal an déi emotional. Wéi den Numm et schonn undeit si reflektoresch Tréinen e Reflex op eng friem Substanz am A. Si spullen d’cheemesch Waffe vun der Zwiwwel eraus, genee wéi de pickegen Damp vun naassem Holz am Lagerfeier. Basal Tréinen déngen dozou, d‘Ae fiicht ze halen. An d’emotional Tréinen? Wéi mir gesinn hunn, gëtt et hei nach vill ze erfuerschen. An dofir bleift d’Fuerschung spannend.