Wann ee Filmfong seet, kënnt engem automatesch de Numm Guy Daleiden an de Kapp. Zanter 1999 ass hien den Direkter vun dësem Gremium, an dobäi kënnt hien guer net direkt aus dem Milieu mee huet Geschicht an däitsch Literatur studéiert. Am 'Café des artistes' war Geleeënheet mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer d'Filmzeen awer och Gott an d'Welt vum Bling Bling ze schwätzen. Piano: Marc Schmidt

02-04-2025 RTL-Afterwork: mam Guy Daleiden (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt de Guy Daleiden iwwer deiere Bordeaux aus China, de Filmfestival vu Venedeg an eng iwwerbuchte Soirée wou keng Plaz méi fir d'Éieregäscht war.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen