Als Direkter vum Filmfong begleet de Guy Daleiden zanter 26 Joer eng grouss Aura. Hier kënnt do hier wou se 'd'Äerdbier mat der Leeder plécken' seet hien selwer. Säin Monni war Buergermeeschter, hien huet de Club des Jeunes gegrënnt, war laang Präsident vum Schülerkommitee am Kolléisch, an 10 Joer Vizepresident vun der DP. 12 Joer souz hien zu Steesel am Gemengerot a war an der Verhandlungsdelegatioun fir d'Regierung Bettel 1. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten sech virun allem ëm seng Roll als Vermëttler vum Lëtzebuerger Film interesséiert. Piano: Marc Schmidt

03-04-2025 RTL-Afterwork: mam Guy Daleiden (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Guy Daleiden, dass hien an engem Film vum Andy Bausch en Transvestit gespillt huet. Mir ginn gewuer wéi speziell seng éischt Renconter mam Désirée Nosbusch ausgefall ass an héieren firwat hien nach ni eng Schnéiketten ugepaakt huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen