Zanter 35 Joer ass de Guy Daleiden Beamten, dovunner 26 Joer Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong. Als Ausgläich zitt et hien 5x am Joer an Irland an och sportlech huet hie vill Opweises. Hien huet fréier Volleyball gespillt, ass Marathone gelaf an elo versicht hie sech um Golfterrain. Am 'Café des artistes' sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer nach op en eemolegen Ausflug oder Ausrutscher ze schwätzen komm. Piano: Marc Schmidt

04-04-2025 RTL-Afterwork: mam Guy Daleiden (Freideg)

Muer géint 17h15 zielt de Guy Daleiden wéi schwéier et ass a senger Haut ze stiechen, wann et drëms geet Sue beim Filmfong ze verdeelen. Beim choix tëscht 'bleu' a bien cuit ass d'Äntwert fir hien evident, a mir erënneren un en tragescht Evenement, dat hie bis haut beschäftegt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen