De Guy Daleiden ass de Fils vum Jos Daleiden vun der CGFP. Et stellt ee sech d'Liewen vum Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong zimmlech glamouréis vir. Hien sëtzt bei der Kees an decidéiert wien am Filmsecteur eng Geldsprëtz kritt a wien mat sengem Projet eidel ausgeet. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten nogefrot wéi et sech domadder lieft als de Buhmann vu Villen. Da goung et awer och ëm e ganz eescht Kapitel, dat hie markéiert huet. Hie lieft net just op rouden Teppecher, ëmkreest vu ville Fotografen, mat Bling Bling a Schampes, ëmginn vu bekannte Filmgréissten, mee och a sengem Liewe gouf et traureg Aschnëtt, well virun allem ass hien och Papp vun 2 Meedercher. Piano: Marc Schmidt

05-04-2025 RTL-Afterwork: mam Guy Daleiden (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ginn et staark Momenter aus de Gespréicher mat Museker vu Format wéi de Nosi, John Rech, Stefanie Heinzmann, Joël Heyard, Sascha Ley an den Trompettist Ernie Hammes.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen