
© Fantefilm
Mat der Netflix Serie La Palma geet et op d'Insel, mä Vakanzefeeling kënnt net esou ganz op.
An der norweegescher Serie si mir bei enger Famill, déi op der Insel La Palma Vakanz mécht, wéi si eng Naturkatastroph mat erlieft. De Vulkan brécht nämlech aus, an hei kommen iech warscheinlech d'Biller aus dem Joer 2021 an de Kapp, wéi et zum schlëmmste Vulkanausbroch an der Geschicht vun der Insel komm ass. D'Serie inspiréiert sech natierlech un deene Faiten. De Vulkan ass awer net de gréisste Probleem, eventuell kéint en Äerdrutsch e risen Tsunamie ausléisen.
Dëst berout op enger wëssenschaftler Theorie, déi virun 20 Joer opkomm ass an déi beseet, datt den Tsunami esouguer New York erreche kéint.
An der Serie ginn et vill positiv Elementer, ganz iwwerzeegt se awer net. De Spannungsbou gëtt gutt opgebaut, e steigert sech vun Episod zu Episod an et ass een no un der Famill drun, well all Figur säi Charakter a seng Probleemer huet: de Jong ass Autist, d'Eltere hunn an der Koppel Schwieregkeeten an d'Meedche sicht seng Sexualitéit nach - alles awer och e bësse Klischee. Et huet ee fantastesch Biller vun der Natur an och d'Katastroph selwer ass gutt duergestallt. Enttäuschend ass awer virun allem den net ganz plausibele Schluss an dat onlogescht Behuele vun de Personnagen. Et huet een d'Impressioun, datt d'Produzenten net de Courage haten, fir de Katastrophenzenario duerchzezéien.
Mä iwwerzeegt iech einfach selwer op Netflix. Vill Spaass beim Kucken.