Zënter e Mëttwoch leeft deen neien "A Minecraft Movie" hei zu Lëtzebuerg an de Kinoen un. D'Verfilmung vum bekannte Computerspill gouf vum Regisseur Jared Hess realiséiert.

31/03/2025 Kino: "A Minecraft Movie"

Häerzlech Wëllkomm an der Welt vu Minecraft! Hei ass d'Kreativitéit net nëmme wichteg beim Bauen a Gestalten, mee esouguer iwwerliewenswichteg. Déi véier Aussesäiter Garrett "The Garbage Man" Garrison, Henry, Natalie an Dawn féieren u sech e ganz normaalt Liewen mat ganz gewéinleche Problemer. Enges Dages ginn si awer duerch ee mysteriéist Portal an d'Uewerwelt eragezunn - e skurrilt, wierfelförmegt Wonnerland an deem alles duerch hir Fantasie entsteet. 

Fir erëm zeréck heem ze kommen, mussen d'Aussesäiter dës Welt iwwerwannen a sech géint béis Wiesen ewéi Piglins an Zombies wieren. Dobäi kréie si Ënnerstëtzung vum erfuerene "Crafter" Steve. Op hirer gemeinsamer Missioun mussen déi fënnef Courage beweisen a sech op hir individuell kreativ Qualitéite fokusséieren - well genee déi Eegenschafte brauche si fir och an där realer Welt erfollegräich ze sinn.

An den Haaptrolle vun "A Minecraft Movie" spillen d'Emma Myers, den Jason Momoa, den Jack Black oder d'Jennifer Coolidge. "Minecraft" gëlt als eent vun den aflossräichste Computerspiller aus den 2010er Joren. Mat iwwer 140 Milliounen aktiven Notzer am Mount ass et ausserdeem dat Computerspill mat de meeschten aktive Spiller, dat net Free-to-play ass. Och bekannt "Minecraft"-Spiller ewéi de Mumbo Jumbo waren un der Kreatioun vum Film bedeelegt.