
Net all éischt Diagnos ass ëmmer direkt déi richteg, an heiansdo muss een nach eng zweete Kéier en A op den Hausdéier geheien, bis d'Behandlung stëmmt an dee richtege Succès versprécht. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut en aktuelle Fall derbäi, deen deslescht zimmlech heefeg ass.
De Schmafu, ee soss ganz lieweg-wibbelegen Cairne Terrier war zanter enger Zäit ëmmer méi mackeg ginn. En plus huet hien bal an engem Stéck a virun allem nuets wéi ee fault Schof gehouscht. Wéi de soss iwweraus stabille klenge Männchen och nach ugefaangen huet, aus der Nues ze bludden an och mam Houscht bluddege Schläim matkoum, ass hien hellewech an d´Praxis bruecht ginn. Um Röntgenbild vu sengem Broschtkuerf ware Schieter wéi bei enger chronescher Bronchopneumonie. Mais no enger Woch Behandlung mat Antibioticken war den Houscht kéng Grëtz besser. Mat enger Bluttënnersichung gouf dunn fonnt, dass déi Eosinophil vill ze héich wieren, dat sinn déi wäiss Bluttkierpercher déi ënnert anerem bei Parasitteprobleemer an d´Luucht ginn.
Bei engem Houscht ass jo awer u sech net direkt un déi Zort Analysen ze denken? Wat bei der Stullënnersichung du fonnt gouf, ass an der Lescht en ëmmer méi heefegen Diagnostik:
De Schmafu hat eng staark Invasioun mat Longewierm, wat u villen zerfatzten, ofgeschléckte Wuermlarven vun deem Schmarotzer am Stull ze gesi war. Déi Wierm dreiwen hiert Onwiesen bei Honn a Kazen a gäre och emol bei engem Mënsch an de Longen an am Häerz. Ustiechen dinn d´Déiere sech iwwert Schleeken oder deenen hire Schläim, Mënschen, wann se Drëpsercher iwwert den Houscht vun hirem Déier anootmen. De Schmafu, mam richtege Numm am Fong „Je m´en fous“ aus Grënn déi ee sech virstelle kann, war no enger Wuermbehandlung séier nees den onbändegen klenge Kärel vu viru senger Longewuermgeschicht a gëtt elo all mat engem Parasittemëttel traitéiert, dat och géint déi schlëmm Wierm gutt wierkt.