
An eis RTL Reporterin ass haut um Golf zu Kanech ënnerwee. D'Céline Spithoven wollt mol e bësse mat de Virurteeler opraumen a sech selwer e Bild maachen, wéi ustrengend oder net dës Sportaart ass an hat lo de Moien eng Trainingsstonn beim Profi Douglas McLean. Gudde Moie Céline. Wéi ass ass et gelaf?
"Jo, rebonjour. Ma ech kann esou vill soen Golf ass tatsächlech e Sport, et ass mer definitiv e bëssen an de Réck gaangen an et brauch ee vill Kierperspannung. Also et ass net esou easy peasy, wéi een dat villäicht mengt. Op alle Fall empfeelenswäert. Also ech hat mäi Spaass, och wann ech meng Virurteeler hat, sou wéi warscheinlech jiddwereen e bëssen. Ech kann et op alle Fall nëmme recommandéieren. An ech sinn elo hei nach e bëssen um Terrain a Wee. Ech maache mech dann herno nach eng Kéier zréck mam President vun der Golffederatioun, deen och nach e puer Wierder dozou soe wäert."