RTL-Informatiounen no wëll Amazon zu Lëtzebuerg méi Aarbechtsplazen ofbauen, wéi bis ewell ugeholl. Net 100 mee bis zu 470 Plaze wiere concernéiert.

Nächste Méinde géifen d'Verhandlungen iwwert e Sozialplang ufänken. E Bréif vun der Amazon-Direktioun un d'ADEM wär ënnerwee. Am ganze schaffen hei am Land knapp 4.500 Leit bei Amazon. Nach d'lescht Woch huet de Premier Luc Frieden, d'Cheffe vun Amazon zu Seattle gesinn, déi bei där Geleeënheet, déi strategesch Importenz vu Lëtzebuerg fir den Internetrise ënnerstrach hunn. Iwwer 20 Joer schonn huet Amazon säin europäeschen Haaptsëtz am Grand-Duché.
An huet zanter 2010 am ganzen 11 Milliarden Euro hei investéiert.

Enn leschte Mount koum d'Nouvelle, datt de weltgréissten Online-Commerce weltwäit eng 14.000 Plaze wëll sträichen.
An der Haaptsaach an der Verwaltung. Hannergrënn sinn: Käschtereduktioun, en Ausgläich fir exzessiv Rekrutementer wärend der Covid-Pandemie a well verstäerkt op kënschtlech Intelligenz gesat gëtt. Amazon huet weltwäit ronn annerhallef Millioune Salariéen. Et gëtt och gefaart, datt nach weider Licenciementer nokommen. Bis zu 30.000 Aarbechtsplazen wieren an Etappen concernéiert.