Theema Alphabetiséierung op Franséisch mam Educatiounsminister Claude Meisch
Fir déi eng ass et scho laang iwwerfälleg. Déi aner fäerten, datt d'Kanner dividéiert ginn an et zu onméiglechen logisteschen Erausfuerderunge féiert.
Déi nächst Rentrée, also am September 2026, gëtt am ganze Land nieft der däitscher och eng generaliséiert Alphabetiséierung op Franséisch agefouert. Den Ufank mécht de Cycle 1. Bis 2030 soll d'Offer da graduell vu Klass zu Klass ausgebaut ginn.
D'Léierpersonal aus der Spillschoul ass elo am zweeten Trimester dozou opgeruff, eng éischt Recommandatioun ze maachen, wéi eng Kanner fir wéi eng Sprooch a Fro kommen. Et ginn och scho lafend Formatiounen ugebueden. Et gëtt also ëmmer méi konkret mat dem Projet "ALPHA".
Mä wat haalt Dir vun dëser wierklech grondleeënder Reform an der Grondschoul? Dat wëlle mer e Mëttwoch de Moien an der Emissioun "Dir hutt d'Wuert" wëssen. Gesitt Dir d'Offer op Franséisch als Chance oder éischter als Risiko fir déi ëffentlech Schoul? Ass den Terrain prett fir d'Reform ëmzesetzen? A wéi soll dat konkret duerno am Schoulalldag ausgesinn?
Dir kënnt um 8 Auer all Är konkret Froen un den Educatiounsminister Claude Meisch stellen. Hien ass live bei eis am Studio a stellt sech äre Remarken a Froe, wéi gesot.
Rufft eis un um 13 30 oder schreift eis elo schonn via eise Formulaire: