Dowéinst huet d’Streck och missen a béid Richtunge komplett gespaart ginn. Der Police no kann dat bis en Dënschdeg an de spéiden Nomëtteg daueren. Dëst huet fir gréisser Problemer am Trafic an der Ëmgéigend gesuergt.
Wéi et heescht sinn op der Héicht vu Windmühle, eng 10 Kilometer ausserhalb vun Tréier a just ronn 5 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz bei Rouspert fort, e Camion an en Auto frontal aneneegerannt.
Beim Accident sinn der Police no véier Leit ëm d’Liewe komm. Ënnert den Affer ass och e Kand vu siwe Joer sinn. Weider waren e 45 Joer ale Mann an eng 42 Joer al Fra ënnert den Affer. Si waren allen dräi vu Bitburg. Och fir de 53 Joer ale Camionschauffer aus de Landkrees Trier-Saarburg koum all Hëllef ze spéit. De Camion war zu Lëtzebuerg immatrikuléiert. Der Police no wiere si nach op der Plaz gestuerwen.
Opnam- wéi och d’Biergungsaarbechte vun de Gefierer huet gréisser Zäit an Usproch geholl. De staark beschiedegten an deforméierte Camion huet misste mat Hëllef vun engem Kran gebuerge ginn. Den zoustännege Parquet huet Ermëttlungen an d’Weeër geleet, fir déi genee Ursaach an Hannergrënn vum Accident erauszefannen.
E Mëttwoch goufen et éischt Indicen, wat genau geschitt ass. Wéi déi däitsch Police matdeelt, ass den Auto op d’Géigespuer geroden an do dann frontal mam Camion aneneegerannt. Firwat den Auto awer op d’Géigespuer komm ass, wier nach net gekläert.
Strooss war nom Accident am ganzen 18 Stonne laang komplett gespaart, well d’Opraumaarbechte komplizéiert waren. Ëm 3.30 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch gouf se nees fir de Verkéier fräiginn.
E Mëttwochmoien koum ausserdeem d’Nouvelle, dass no engem Mupp gesicht gëtt, dee sech beim Accident am Auto befonnt huet, duerno awer net méi fonnt gouf. D’Police rifft Bewunner vun den Uertschafte ronderëm d’Plaz vum Accident op, an dësem Zesummenhang an nächster Zäit opmierksam ze sinn.
De Balou wier e mëttelgroussen, schlanke Mupp mat enger donkeler Schnuff a ganz wakeregen Aen, Hien hätt en hellt Halsband un a géif zoutraulech wierken. Wien an der Géigend ronderëm Newel, Welschbillig, Olk oder Möhn e Mupp gesäit, op deen dës Beschreiwung passt, ass gebieden, dat der Tréierer Police ënnert der Nummer 0049 651 98344150 matzedeelen.
Wéi den “Trierischer Volksfreund” mellt, wier d’Police e Mëttwoch mat Sichhënn am Asaz gewiescht, fir nom Mupp ze sichen. Ma och privat Sichgruppe wieren ënnerwee gewiescht. Ënner anerem koumen och Wärmebildkameraen an den Asaz.