Holdingen op der Finanzplaz: Méi kriminell wéi d’Police erlaabt?
De Journalist Petz Bartz an de Kameramann Jean-Baptiste Verwaerde hunn a Brasilien dokumentéiert, wat d'Ofholzung am Amazonas mat Lëtzebuerg ze dinn huet.
JBS ass de Firmennumm vum weltgréisste Fleesch-Produzent. Hannendru stinn déi brasilianesch d’Milliardäre Joesley a Wesley Batista, déi Forbes no zesummen op e Privatverméige vu méi wéi 10 Milliarden US-Dollar kommen. Wéinst Bestiechung a Korruptioun goufen hir Gesellschafte vu Geriichter an den USA an a Brasilien zu Strofen an der Héicht vun Honnerte Milliounen US-Dollar verurteelt. An den USA war hinnen domat laang de Wee blockéiert, fir op der Wall Street ugeholl ze ginn. Bis elo am Mee hiren Dram dach nach Realitéit gouf... No engem Don vu 5 Milliounen US-Dollar an den Inauguratiounsfong vum Donald Trump stoungen d’Dieren op! D’Batista-Bridder sinn elo am Listing vum NYSE, der Bourse vun der gréisster Finanzplaz op der Welt, a si kontrolléieren hir Geschäfter iwwert eng Panoplie vun Holdingen zu Lëtzebuerg ënnert dem Numm J&F Investments Luxembourg s. à r. l.


























JBS ass en oppent Buch. Et huet ee jo näischt ze verstoppe wéi Waffen-, Drogen- oder Uranhandel. “Agribusiness” als Aktivitéitskategorie kléngt nohalteg a lukrativ am Kontext vun engem méigleche Mercosur-Ofkommes. Mä grad dowéinst hunn Ëmweltorganisatiounen a Mënscherechtler JBS um Napp. Well d’Gesellschaft responsabel ass fir phenomenal CO2- a Methanemissiounen an illegal Ofholzung am Amazonas. Mat Brandstëftung gëtt ëmmer méi Terrain noutgedrongen Notzraum, well d’Zerstéierung vu Reebësch ass irreversibel. Déi nei Stécker deele sech Véiziichter a Soja-Baueren op fir hir Beneficer ze maachen. De Verléierer sinn d’Urawunner, déi hiert Land geklaut kréien, an natierlech d’Flora an d’Fauna. An de Klima-Equiliber, an domat in fine mir alleguer.
Fläch wéi Irland ofgeholzt
Am Aktivitéitsberäich vun JBS am Amazonas gouf mat Hëllef vu Satellittebiller gerechent, dass zesumme 7,5 Milliounen Hektar ofgeholzt goufen. Dat entsprécht der Fläch vun Irland!
Schluechthaus vun JBS am Amazonas, Brasilien. / © Petz Bartz
D'Haaptmäert vun JBS a vun den anere brasilianesche Fleesch-Produzente wéi Marfrig a Minerva, sinn d’USA a China. Déi Säit vum Atlantik op där traditionell schonn ëmmer platt Bouletten a gebake Pouletshämmercher op der Kaart stoungen an dat Land, wou déi meeschte Leit liewen. Mat enger Verbesserung vum Liewensstandard do wiisst och den Appetit op ëmmer méi Fleesch. An d’EU wier nach méi interessant wa mam Mercosur-Ofkommes d’Handelsbarriäre géife falen, da kéint een als Lobby un d’Liwwerkettegesetzer fréckele goen an d’Ofholzungs-Regulatioune vun der EU boykottéieren. Fir JBS wier et och e liicht Spill fir d’Präisser vun den europäesche Fleesch-Produzenten z’ënnerwanderen, sou wéi een dat schonn an den USA gemaach hat. Mëttlerweil ass d’Firma och offiziell net méi zu São Paulo, mee zu Amstelveen an Holland ugemellt. D’Plënner ass awer net ofgeschloss, well bis ewell huet ee just eng Bréifkëscht do opgestallt.
Greenpeace hat schonn eng ganz Partie Recherchen iwwert JBS am Tirang leien. Mam Listing op der Wall Street dëst Joer an der COP30 zu Belém war den Dossier op eemol awer erëm séier méi waarm. Mat Hëllef vun der Redaktiounskolleegin Michèle Sinner war et och méiglech, hannert de Finanzkonstrukt vum Konglomerat JBS hei zu Lëtzebuerg ze kucken.
Optimal Steieroptimiséierung zu Lëtzebuerg
Firwat kënnt eng Gesellschaft wéi JBS op Lëtzebuerg? Fir aner Länner ëm méi wéi 450 Milliounen US-Dollar Steieren ze bedupsen andeems een hei, op engem deklaréierte Benefice vun 3 Milliarden US-Dollar, grad emol 500.000 Euro bezilt! Fir JBS ass dat optimal, mee wéi optimal ass déi Steieroptimiséierung dann am Endeffekt fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg?










Eng hallef Millioun Euro bezilt dem Land keng 100 Meter Leitplank laanscht d’Escher Autobunn… Mat 5 Mataarbechter cotiséiert JBS och nach nëmmen ongeféier esouvill wéi e Coiffeurssalon. Oder gëtt een engem en Taux vun 0,02% just well ee soss e “gudde” Client verléiert, deen op iergendenger Insel mat Jongfraen oder enger Zort Krokodillen drop just 0,05% versprach krut?
An eiser Emissioun Kloertext weise mir um Donneschdegowend um 20 Auer en Documentaire vum Petz Bartz a Jean-Baptiste Verwaerde mat duerno enger Diskussiounsronn am Studio.
De Kameramann Jean-Baptiste Verwaerde. / © Petz Bartz