Aktuell leeft eng flott Aktioun hei am Land. Et geet drëm dräi Gruppen oder Persounen ze nominéieren, déi da sollen e Bam planzen.

Zanter engem gudde Mount gesäit een där Posts op de Soziale Reseauen, wou sech géigesäiteg nominéiert gëtt an e Bam muss geplanzt ginn. Waren et am Ufank nach Jugendveräiner a virop d'Scouten, déi dës Aktioun fläisseg weidergedeelt hunn an natierlech, sou wéi d'Challenge et verlaangt, ee Bam geplanzt hunn, esou maachen och ëmmer méi Schoulen, Organisatiounen, Firmen an och Gemenge mat.

Bei der #Bamchallenge gëtt ee wéi gesot zoufälleg erausgesicht an et huet een, soubal een getagged gouf gouf, 72 Stonnen Zäit, den Challenge ëmzesetzen, e Video dovun ze maachen an nees nei Kandidaten ze nominéieren.

Eng ganz besonnesch Persoun gouf - nieft der Fnel an dem Educatiounsminister Claude Meisch - vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten gewielt an dat ass de Scoutschef héchstperséinlech, de Grand-Duc Guillaume.

A wéi et sech fir de Bamchallenge gehéiert, huet hien dës flott Initiativ ouni ze zécken ënnerstëtzt an de "kollektiven Elan" ervirgestrach, fir d'Welt "méi gréng, méi nohalteg a méi solidaresch" ze maachen. Natierlech huet och de Grand-Duc dräi Nominatioune verdeelt an eng gouf nach sur place ëmgesat. Hien huet säi Papp nominéiert an esou stinn zu Fëschbech elo zwee fuschnei geplanzte Beem.