
© RTL / Stefan Gregorowius
Staark Talenter an emotional Geschichten gëtt et nees vun den Owend un bei 'Das Supertalent' op RTL. Et ass déi 17t Staffel déi vum Victoria Swarovski a Jens 'Knossi' Knossalla presentéiert gëtt. De Jury gläicht och deem vun der leschter Staffel mam Dieter Bohlen, Bruce Darnell an Ekaterina Leonova. Nei derbäi den Tony Bauer, de Comedian deen schonn bei 'Let's Dance' duerch seng sympathesch Aart a Weis opgefall ass. Fir hien erfëllt sech e groussen Dram.
Hien kënnt aus kenger räicher Famill, leit ënner dem 'Kurzdarnsyndrom' a kann dofir näischt Normales iessen. All dës Grënn maachen, dass hien sech ëmmer immens dankbar weist, och iwwert d'Bekanntschaft mat sengen bekannten Juryskolleegen.
Hien freet sech op grouss Talenter, Top-Acts déi engem den Otem huelen an Performance déi nach net do waren. Aus deenen schielt sech dann no 4 Sendungen dat neit 'Supertalent' eraus.