
D'lescht Woche hu mir en 125-Kubik-Scooter fir 6 Méint verspillt. Ma fir dës Maschinn fueren ze kënne brauch een den A1 - Führerschäin. Mee wéi al muss ee sinn a wat brauch een dofir? Dat erkläert eis lo den Dany Rodrigues vun der Auto-école Dany zu Ettelbréck.
"Also Mindestalter, 16 Joer fir de Fürerschäin ze kréien, allerdéngs däerf e 16 Joer ale sech scho mat 15 an d' Halleft umellen, e ka seng Theorie maachen, kann och seng praktesch Stonne maachen, praktesch Examen, awer nëmmen, wann e 16 Joer ass. Wann en awer scho méi spéit de Fürerschäin mécht, dass en en Autosfürerschäin schonn huet, en ass no 18, da brauch en och nëmmen d' Hallschent vun der Theorie ze maachen, dat ass de Virdeel eeben, wann schonn e Fürerschäin do ass. Den Theoriesexame muss een trotzdeem maachen."
6 respektiv 12 Stonnen Theorie a 16 Fuerstonne muss ee maachen fir eng 125-Kubik - Maschinn kënnen ze fueren. An natierlech brauch ee wéi beim Schifueren och dat passend Ekipement.
"Et muss een eebe just d' Ekipement hunn. Dat sinn déi fënnef Elementer: En Helm, eng Jackett, eng Box, Schong an Händchen. Mee d' Motorrad, dat heescht d' Gefier, gëtt vun der Fahrschoul gestallt. Dat Ekipement ass Flicht. An et geet jo och net nëmmen ëm d' Flicht, et geet jo u sech ëm d' Sécherheet vum Fuerer. Ech menge mir léieren eppes Neies, dat heescht eng Chute, mol Ëmfalen ass a sech bal onvermeidbar. Jo, dofir ass d' Ekipement natierlech dann schonn net vu Muttwëll.
Da gëtt et awer och nach d'Méiglechkeet de B100-Fürerschäin ze maachen. Dee kann ee mat 20 Joer maachen, et muss een awer den Autosfürerschäin schonn 2 Joer laang hunn. Hei ginn dann och 7 praktesch Stonnen duer an et brauch weder en theoreteschen nach e prakteschen Examen ze maachen.