
© Patrick Greis
Dës Woch mat de beschte Momenter aus interessante Gespréicher aus de leschte Méint mat Museker: Beim DJ Nosi hätt och alles ganz anescht kéinte kommen. Schwammen, Fussball an Turnen waren d'Alternativen, an hei war hie souguer vun 2008-2011 Landesmeeschter a sengem Joergang. Mat 17 Joer huet en awer gemierkt, datt DJ besser bei hie passt an huet säi Wee gemaach. Am 'Café des artistes' huet den Eric Nosbusch dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verroden, datt 2019 säi Lidd 'Schëdden' him e besonnesche Push ginn huet, an dat haut zum Repertoire vun der Jugend gehéiert. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 verréit d'Stefanie Heinzmann op et haut nach Kontakt mam Stefan Raab huet. Mir ginn gewuer dass et sech als Teenager selwer net gären hat, an et verzielt awer och, dass et sech selwer heiansdo freet, firwat et souvill kräischt, obwuel et jo alles am Liewen huet, an dann nees laache muss.

De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen