Dës Woch komme mer zréck op e puer vun de beschte Momenter aus de leschte Méint wou Museker invitéiert waren. Op der Bün gëtt d'Stefanie Heinzmann Vollgas, am Privatliewen muss déi Schwäizer Sängerin heiansdo awer och Gas ewechhuelen oder carrement mat zwee Féiss op d'Brems trëppelen. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och nogehaakt, wéi et 2007 hannert de Kulissen vum Stefan Raab sengem Gesangsconcours wierklech war. Piano: Marc Schmidt

08-04-2025 RTL-Afterwork: mam Stefanie Heinzmann (Dënschdeg)

Muer géint 17h10 zielt den John Rech wéi et war am Virprogramm vum Michael Jackson ze spillen. De Sänger zielt iwwer hier Tournée a Japan a wéi et ass wann een an engem Sall spillt wou ee mat 13 Leit schonn 'sold out' ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen