
© Patrick Greis
Den John Rech kennt een duerch T42 oder Dream Catcher, a mat hinnen huet hien schonn aussergewéinlech Concerten ginn, wéi zum Beispill ënner dem Buedem zu Rëmeleng an och Markersbach a Sachsen, oder am Bunker zu Oochen. Awer och op 2.000m Héicht an enger Almhütt konnt ee seng Stëmm schonn zesumme mat der Band héieren. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten ass hien op aner skurril Optrëtt ze schwätze komm. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt d'Sascha Ley, firwat si d'Roll am Film "Shadow of the vampire" mam Willem Dafoe an John Malkovich schlussendlech net krut an awer vum Nicolas Cage Blumme geschenkt krut. Si verréit wat hir Mamm vun de kuerzen Hoer hält an mir erliewen wéi et tëscht dem Mike Fandel an dem Sascha Ley knistert.

De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen