An der Vakanzewoch gëtt et e Réckbléck mat de beschte Momenter aus Gespréicher mat Museker. D'Sascha Ley huet sech net just als Actrice an Dänzerin en Numm gemaach mee och als Sängerin, wou se hier Bandbreet mat de Joren ënner Beweis stellt mat Lidder vum Putty Stein iwwer Optrëtt mam Thierry Van Werveke & Taboola Rasa oder mat Garlicks. Am 'Café des artistes' am Gronn sinn vill grouss Nimm genannt ginn mat deenen d'Sascha zesumme geschafft huet. Piano: Marc Schmidt

10-04-2025 RTL-Afterwork: mam Sascha Ley (Donneschdeg)

Muer géint 17h10 zielt de Joël Heyard, wéi hien derzou koum d'Lidd fir d'Prënzenhochzäit ze schreiwen. Hien verréit wéi eng markant Publicitéit um Radio vun him kënnt, an verheemlecht och net, dass en hien schonn emol eng Auszäit geholl huet, wou en 1 Woch kee Wuert huet dierfen schwätzen

RTL

De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen