Déi ganz Woch gi mer zréck op e puer flott Gespréicher aus de leschte Joren déi mer mat Museker gefouert hunn. Dem Joël Heyard säin Papp huet schonn Musek gemaach, an sou louch et quasi op der Hand, dass säin Wee op Déifferdeng an de Musekssall gefouert huet. Et sollt awer net dobäi bleiwen. Am Conservatoire huet hien éischt Präisser am Solfège, Percussion a Batterie gemaach, a lues a lues gouf aus him e Batteur a Museksproduzent, dee schonn mat e puer ganz groussen d'Bün gedeelt huet, wéi Bon Jovi oder de Xavier Naidoo an d'Söhne Mannheims.
Am 'Café des artistes' goung et ganz eleng ëm hien a säin Liewen beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten. Piano: Marc Schmidt.

11-04-2025 RTL-Afterwork: mam Joël Heyard (Freideg)

Muer géint 17h10 zielt den Trompettist Ernie Hammes, wéi en de Paul Anka begleet huet, an schwätzt iwwer de Concert wou de Bill Clinton an de Will Smith am Public souzen

RTL

De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen