Action-Fans opgepasst: zënter gëschter leeft The Amateur am Kino. E Film, dee staark Nerve verlaangt.

07/04/2025 Kino The Amateur 14h40

Den Charlie Heller decodéiert Informatioune fir d'CIA an dat ganz zeréckgezunn an engem Keller. Hie lieft en éischter rouegt an onspektakulärt Liewen. Enges Daags gëtt seng Fra bei engem Terroruschlag zu London ëmbruecht, ma d'CIA wëll näischt dovu wëssen an dem Fall net weider nogoen, also hëlt den Analytiker d'Saach selwer an d'Hand. Hien erpresst seng Virgesetzten, fuerdert eng finanziell Ënnerstëtzung an e speziellen Training an decidéiert d'Mäerder vu senger Fra ze sichen.

Den Analytiker gëtt zum Rächer a muss sech beweisen an dat net nëmme géint d'Terroriste mee och a sengem Ëmfeld traut keen dem Charlie zou sech mat deene Leit unzeleeën.

An dësem US-amerikaneschen Thriller spillt de Rami Malek, ënnert anerem bekannt vum Film Bohemian Rhapsody d'Haaptroll, ënnerstëtzt gëtt hien vum Laurence Fishburne an dem Rachel Brosnahan. De Film, deen e bëssen un 96 hours oder Stirb Langsam erënnert, gouf vum Rami Malek mat produzéiert. Regie gefouert huet den James Hawes.De Film ass fir Visiteure vun 12 Joer un a leeft wéi gesot vun e Mëttwoch un am Kino.