Demenz ass mat déi heefegst Angscht an enger Dokteschpraxis. Se leit nach virun Kriibs oder engem Häerzinfarkt. Géint déi zwou lescht kann een wéinstens eppes maachen a kämpfen mengen d'Patienten a vill d'Dokteren. Den Dr Marc Keipes aus dem groussen GesondheetsZenter op der Gare beweist awer, dass een och eppes géint Demenz maache kann.

05/04/2025 Gesondheetstipp: Hëlleft Tinder géint Demenz?

Et gëtt natierlech vill verschidden Formen vun Demenz. Den Alzheimer ganz graff resuméiert ass en Depot vu Proteinnen am Gehier. Geet dacks jonk un mat 55 bis 65 an et gëtt nach net wierklech vill Behandlung, d'Fuerschung leeft. Awer géint déi Demenzformen déi méi spéit kommen, souguer méi heefeg sinn, gëtt et 5 nei Risikofacteuren, déi mir identifizéiert hunn an géint déi een eppes maache kann. Déi sougenannten 'Small Vesseldisease' also verstoppen vun deene ganz klengen Oderen am Gehier ass ganz staark duerch héije Bluttdrock bedéngt.

Dr Marc Keipes - Demenz - Diagnos

d'Uni vu Barcelona schätz dass een e 6x Risiko fir Demenz huet mat net behandeltem Bluttdrock.

Séier dann nach bei déi aner wichteg Punkten.

Psycheschen Stress ass och e Risikofacteur, och do kann ee sech preparéieren. Eleng liewen hieft den Demenzrisiko ëm 44%, dh Tinder a Co hëlleft géint Demenz. Ze wéineg REM Schlof ass och net gutt, also versicht e gudde Schlofrhythmus ze kréien. Als leschte Risiko ass identifizéiert ginn, séiss Limonaden.

Dr Marc Keipes - Demenz - Traitement