
© Patrick Greis
Dës Woch kucke mer zréck op e puer vun de Gespréicher aus de leschte Wochen. De Lex Heyar ass de Sänger a Kapp vun der Rockband 'MooF' déi et schonn zanter 1992 gëtt. Hien ass en Haarden mat mëlle Baken an engem gudde Häerz, well zanter 2013 organiséieren si all Joer hiert MooFest wou d'Recetten integral u karitativ Organisatiounen ginn. Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten koum alles op d'Tapéit ganz ouni Tabu an ouni e Blat vrun de Mond ze huelen. Am 'Café des artistes' goung et ëm d'Band awer virun allem hire Kapp deen schonn sou zimmlech alles erlieft huet. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'Sängerin Susy Lentz vu grousse Schong a klenge Nuesen an et geet rieds vun enger Erfarung um FKK.

De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen