
© Patrick Greis
Dës Woch kucke mer zréck op Gespréicher aus de leschte Wochen. Ob als Sängerin an diverse Formatiounen, oder als Actrice mat de Makadammen, d'Susy Lentz kann ëmmer säin Public iwwerzeegen. An och wann déi sympathesch Dame et an der Lescht e bëssche méi roueg ugeet, da bleift d'Stëmm eemol sou waarm wéi deemools bei de Crocheten op der Fouer, wou alles ugefaangen huet. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och vill privat Froen um Häerz gehat. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 verréit de Steven Pitman dass een als 'Elvis' schonn Virdeeler huet, wann et drëms geet an enger Schlaang ze stoen a mir héieren, dass säin éischte bezuelten Optrëtt op enger improviséierter Chrëschtfeier war.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen