
© Patrick Greis
Och haut e puer flott Momenter aus engem Gespréich vu virun e puer Wochen. Et gëtt wuel kee Superstar, deen esouvill imitéiert gëtt wéi de ''King of Rock ’n’ Roll' Elvis Presley. De Steven Pitman ass een dovunner. 25 Joer laang war dem Lëtzebuerger Elvis säin Agenda gutt gefëllt, an den 2. Mäerz huet hien de ronnen Anniversaire an der Philharmonie gefeiert, dat och gläichzäiteg de 'Farewell Concert' war. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten versicht de Mann hannert der Mask an der markanter Stëmm besser kennen ze léieren, deen um Flughafen zu Hahn op d'Welt komm ass. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 verréit de FEDIL-Direkter René Winkin, dass hien och als Student näischt ubrenne gelooss huet, an do war, mam Auto, de falsche Wee duerch eng Avenue fueren, näischt Anormales. Hien war och ëmmer u Politik interesséiert ouni Politiker wëllen ze ginn an hien erënnert sech un eng memorabel Soirée zu Stroossbuerg mam Astrid Lulling, wou et net bei engem Glas bliwwen ass.

De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen