
© Patrick Greis
Dës Woch hu mer Iech e puer vun de beschte Momenter aus Gespréicher vun de leschte Wochen erausgesicht. D'Michèle Turpel steet gären op de Brieder, déi d'Welt bedeiten, an dat zanter Kand un. Meeschtens am Grupp, zB 40 Joer bei den Ettelbrécker Theater Frënn, dem 'Kannertheater Jaddermunnes', dem 'Cabaret Sténkdéier' an dem Fräiliichttheater 'De Schankemännchen'. Am meeschte genéisst se awer hir Solo-Optrëtter, wéi rezent mat 'Mämmories' als Diva op der Bün. Am 'Café des artistes' am Gronn sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten munches gewuer ginn, och iwwert d'Gesondheet. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 verréit d'Politikerin Simone Beissel, dass si Tarzan gespillt huet a schlecht gelant ass. Si weist, dass si schonn als Kand en Déckkapp hat, an et geet ëm hir Sendung mam Astrid Lulling wou si wéinst enger Geschicht vun alle Säite vill Kritik krut.

De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen