Wann Déieren, déi soss d'Rou a Persoun sinn, bemol zimmlech wibbeleg an ongedëlleg ginn, dann ass meeschtens eppes an der Heck, mee wat? D'RTL Déierendoktesch Romi Roth hat dës Deeg nees sou e Patient um Dësch, deen negativ opgefall ass.

D´Xenia, soss eng heemeleg Bengal-Miiss, ass an d´Praxis bruet ginn well seng Leit et an der Lescht net méi meeschter goufen. Hatt huet sech net méi upake gelooss, putschweis Fliichten iwwert de Réck erausgerappt an et war och net méi propper.  D´Pippien hat een op séilesche Stress zeréckgefouert, well säi Kolleeg, der Famill hiren Dackel, gestuerwe war. A wéinst  dem Pelz hate seng Leit gemengt, et hätt en allergesche Bass, well et säin Fudder net verdroe géif. D´Mooss war definitiv um Iwwerlafen, wéi d´Xenia engem Besuch fir d´éischt e ferme Kéipchen an d´Wallis deponéiert an dunn ferm an d´Hand gebass hat.

Romi Roth - Dat rose geckegt Xenia - Diagnos

Do kritt ee bei aller Déiereléift dann awer wierklech e bëssen d´Flemm?

Fir säi Mond ze ënnersichen hu mir d´Xenia an eng liicht Sedatioun missen leeën, soss wiere mir och gepëtzt ginn. Mais du war awer séier kloer, firwat et esou däreg gi war: dem Xenia säin Zännfleesch huet vun Entzündung geblutt a 16 Zänn konnten nëmme méi gezu ginn. Wéi ganz dacks, wa Kazen op eemol esou onduge ginn, war och hei fuerchtbar Péng dru schold. A bei Hauskazen kënnt dat meeschtens vun den Zänn wéinst industriellem Fudder a well déi net genuch mam Zerknae vu Mais an aneren erjoten Déiercher strapazéiert an domadder vill méi ufälleg fir Karieslächer an aner Kränkten ginn.

Romi Roth - Dat rose geckegt Xenia - Traitement