D'Magaly Teixeira spruddelt vu moies bis owes drop lass a strotzt nëmmen sou vun Energie, egal op op der Bün oder am richtege Liewen. Als Actrice am Theater, am Film, als Sängerin, Dänzerin oder als Animatrice huet een si bestëmmt schonn erbléckst an si sammelt ëmmer nees gären nei Erfarungen, egal aus wéi engem Beräich se och kommen. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten iwwer deen ofwiesslungsräichen Parcours gekuckt. Piano: Marc Schmidt

08-05-2025 RTL-Afterwork: mam Magaly Teixeira (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Magaly Teixeira, dass am Theater, Kanner dee kriteschsten Public sinn. Mir ginn gewuer firwat hiert Häerz fir Benfica schléit an héieren firwat si sech eng Karriär an der Arméi net virstelle kéint.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen