Den ANELD Career Day huet ronn 300 Droitstudenten zesummebruecht, déi sech informéiere wollten an déi éischt Schrëtt an d’Beruffswelt maachen.

Raus aus der Theorie a ran an d‘Praxis. Op der Foire de Recrutement vun der Droitsstudenten-Associatioun Aneld konnten d‘Studenten e Samschdeg an der Luxexpo éischt Kontakter fir hir berufflech Zukunft knëppen.

25 renomméiert Cabineten an Institutioune waren op der Plaz, fir mam Nowuess a Kontakt ze trieden a Froen ze beäntweren, déi fir déi jonk Juristen elo ganz zentral ginn: Wéi positionéieren ech mech am Beschten? Wou leie meng Méiglechkeeten? A wéi eng Kompetenze ginn haut am juristesche Secteur verlaangt?

Ob a Costume a Krawatt oder an enger Blus - op alle Fall elegant a professionell hu sech eng Ronn 300 Nowuess-Affekoten ugedoen, fir op der Foire de Recrutement fir Droitsstudenten e gudden éischten Androck ze hannerloossen. Hei konnten d‘Studente sech iwwer konkret Karriären informéieren an déi éischt professionell Netzwierker opbauen.

Zil ass et, de Studenten d‘Méiglechkeet ze ginn, sech mat Affekoten a Leit vum Terrain auszetauschen, en éischte Kontakt mat der Beruffswelt ze knäppen, an eventuell schonn e Stage ze kréien. Fir vill Studenten eng gutt Opportunitéit, fir déi éischt Schrëtt an hirer juristescher Karriär ze maachen.

D’Aneld ënnerstëtzt d’Studenten dobäi net nëmmen op der Foire, mee dat ganzt Joer iwwer op hirem Wee vum Studium bis an d’Aarbechtswelt eran.

Nieft de 25 Stänn vu Cabineten an Institutioune, déi d‘Studenten iwwer d‘Beruffsméiglechkeeten opklären, konnt een och professionell Fotoe fir säin CV maachen.

Den ANELD Career Day weist domat, wéi wichteg e staarkt Netzwierk an eng fréi Orientéierung fir dat spéidert Beruffsliewe ka sinn.