Beim Magaly Teixeira ass et net 'entweder oder' mee alles zesummen: Danzen, Sangen, Theater a Film. Méi konkret 4 Joer Fado, 4 Joer Ballet an 11 Joer latäinamerikanesch Dänz. Déi éischt virsiichteg Schrëtt op enger professioneller Bün gouf et 2013 zu Paräis am Conservatoire Charles Munch. Am 'Café des artistes' goung et mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten ëm de Wee deen dat sympathescht 'Allroundtalent' schonn zréckgeluecht huet. Piano: Marc Schmidt

09-05-2025 RTL-Afterwork: mam Magaly Teixeira (Freideg)

Muer géint 17h15 verréit d'Actrice Magaly Teixeira wat si vun Horoskoper hält. Et geet ëm hir Virléifte bei guddem Iessen an si verréit iwwer en Trip op Amsterdam, wou si speziell Kichelcher giess huet mat deene si Saachen gesinn huet, déi guer net do waren.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen