An deene 35 Joer Liewenszäit bis elo, kann d'Magaly Teixeira schonn op vill positiv Etappen zréckkucken dorënner vill staark Filmer an Theaterstécker. De Familljennumm verréit et schonn, dass d'Elteren Portugis sinn. D'Actrice schwätzt awer och fléissend spuenesch, däitsch, franséisch an englesch souwisou a seng professionell Karriär huet zu Paräis ugefaangen. Zu den Hobbyen vun der Dänzerin a Fadosängerin gehéieren Pilates, Schwammen a Yoga, an dat hunn och den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten am 'Café des artistes' erausfonnt. Piano: Marc Schmidt

10-05-2025 RTL-Afterwork: mam Magaly Teixeira (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Jos Zervas bekannt duerch de Melusina an aner bekannt Kult-Lokaler an der Stad. Hien huet schonn mat 15 geschafft fir sech eng 'Levis' Jeans ze leeschten. De Jos huet de Warm-up fir den David Guetta gemaach, huet dem Gérard Depardieu Wäin verkaaft, huet dem Monica Semedo eng ganz Camionnette Blummen geschenkt, war derbäi wéi d'Gëlle Fra erëmfonnt gouf an hat e Bett am Melu opgestallt wou et richteg zur Saach goung.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen