
© pexels.com
Endlech ass se nees ze gesinn: d'Sonn. Et ass ee besser gelaunt, et kann ee sech méi laang am Fräien ophalen an doduerch Energie tanken. Ee vu weidere Pluspunkten, et kann een och mat der Sonn nees säi Vitaminn-D Späicher fëllen. Gesiicht, Hänn an Äerm e puer Minutte jee no Hauttyp an d'Sonn halen a mat Hëllef vun der Sonn kann eise Kierper dëst Vitaminn produzéieren.
Allerdéngs sech permanent der Sonn ouni Schutz auszesetzen, ass mat ville Risike verbonnen. Firwat erkläert d'Hautdoktesch Florence Decroos.
D'UV-Stralen, déi verursaachen eigentlech d' DNA-Schied an eisen Hautzellen. An doduerch, fir sech do virdrun ze schützen, bilt eis Haut Melanin. An anere Wierder, et gëtt ee brong.
Dat Brongt schützt eis haut awer net virun engem Sonnebrand. A B C, wat bedeiten déi eenzel Buschtawe bei den UV-Stralen?
D'UV-Strale ginn agedeelt a Fonktioun vun hirer Wellelängt, d'UV-C-Strale gi bis 290 Nanometer, déi ginn eigentlech vun der Ozonschicht absorbéiert a komme guer net op eis Äerduewerfläch, am Géigesatz zu UV-A- an UV-B-Stralen, déi op eis Äerduewerfläch kommen.
A géint déi soll ee sech schützen. Och wann d'UV-A Strale méi déif an eis Haut ginn an dofir méi geféierlech sinn, kann ze vill UV-B-Stralung och geféierlech Suitten hunn. Dee beschte Schutz ass fir d'éischt d'Gezei.
Dat heescht laang Kleeder undoen, e groussen Hutt, eng Kap, et gëtt souguer sougenannten UV-Schutzkleedung fir d' Leit, déi extreem empfindlech sinn. An dann empfeelen ech ëmmer, dass ee sech elo net der Mëttessonn aussëtzt, dat heescht tëscht 11 an dräi Auer vläicht éischter bannen ophält an net ze vergiessen e Sonnebrëll fir d'Aen och ze schützen.
Ouni Gezei sollt een da ganz agecrèmt sinn.
Do ginn et eigentlech zwee Zorten. Et gëtt de cheemeschen an de physikalesche Sonneschutz. Beim cheemesche Sonneschutz do si kleng Partikelen, déi eng Absorptioun vun den UV-Strale maachen. A beim Physikalesche si e bësse méi grouss Particullen dran, déi maachen eng Reflexioun vun den UV-Stralen, sou dass a béide Fäll sou mann wéi méiglech UV-Stralen an eis Haut andrénge kënnen.
10, 20, 30 oder 50, wat bedeiten d'Zifferen dann elo op de Crèmen?
All Mënsch huet eng individuell Schutzzäit, där ee sech onexponéiert der Sonn aussetze kann. Soe mer zum Beispill, ech kann 10 Minutten an d' Sonn goen ouni Sonnecrème ier ech rout ginn, da géif ech en UV-Schutz vun 30 oder ee Liichtschutzfaktor vun 30 huelen. 10 mol 30, dat sinn dann 300 Minutten, dat heescht et wären theoreetesch 300 Minutte laang geschützt. Elo muss een awer soen, dass déi meescht Leit bei Wäitem net genuch Sonnecrème opdroen oder wann ee Sport mécht, an der Piscine ass, dann huet een och net dee gewënschten UV-Schutz op der Haut drop.
An dofir soll ee fir sécher ze goen, déi genannte Minutten nach emol duerch 2 deelen. 40 Gramm Crème wieren ideal, oder anescht gesot 3-4 Zoppeläffel sollen et fir de Kierper sinn an 1 Téiläffel fir Gesiicht an Hals. Sonneschutz ass awer net just wann ee bei der Piscine läit, mä zu all Ament, wann een an der Sonn ass. Ze vill Sonn dréchent eis Haut aus a mécht datt sech doduerch vill Fale bilden. Ofgesi vun dësem ästhetesche Punkt, kann een duerch d'Sonn och e fatzege Sonnebrand kréien.
E Sonnebrand ass eigentlech eng akut Entzündungsreaktioun an Entzündung ass an der Reegel rout, deet wéi an et kann zu Schwellung kommen, sou wéi e Sonnebrand dann an der Reegel ass, an et kann a staarke Fäll souguer bis zu Brandblose kommen.
Dat soll een natierlech evitéieren. Dernieft ginn et och vill aner Konsequenzen, wann een ze vill an der Sonn ass, wéi zum Beispill den Hautkriibs.
Do muss een ënnerscheeden tëscht dem wäissen an dem schwaarzen Hautkriibs. De schwaarzen Hautkriibs kënnt éischter duerch vermeert Sonnebränn an der Kandheet oder an der Jugend. An da gëtt et nach de wäissen Hautkriibs, dee kënnt dann éischter duerch eng kumulativ Liichtexpositioun, dat heescht meeschtens eréischt an engem Alter vu 50 oder 60 Joer. Da ginn et verschidde Leit, déi kréien eng sougenannte Mallorca-Akne, dat ass zum Beispill wann een am Fréijoer den éischte Sonnestralen ausgesat ass, da kritt ee esou kleng Pickelcher oft an den Decolleté oder an d' Gesiicht, déi och mat staarkem Bass kënne verbonne sinn. Verschidde Leit, déi kréien och Pigmentstéierungen, déi kommen och éischter duerch eng kumulativ Expositioun, dat si kosmetesch stéierend brong Plazen am Gesiicht oder op den Hänn, déi och net ëmmer ganz einfach ze behandele sinn. An dann dierf een net vergiessen, wat ee méi da Sonn ausgesat ass, wat d'Haut méi séier altert, dat heescht wat ee méi fréi Fale kritt.
Et ass net vu Muttwëll fir sech géint d'UV-A an UV-B Stralen ze schützen. Crèmë sinn do de beschte Schutz nieft Gezei. An da soll een och aus der praller Sonn eraus bleiwen, obwuel am Schiet kommen déi Stralen awer un een.
Wat vill Leit net wëssen, ass dass bis zu 50 % vun den UV-Stralen och kënne bis an de Schiet kommen, zum Beispill duerch d'Reflexioun vum Sand, vum Waasser oder och vum Beton. Dat heescht, do sollt ee sech och schützen.
Och wa Kanner eng nach méi sensibel Haut hunn, sollen awer net just si agecrèmt an d'Sonn goen, ma jidderee soll vun deem Schutz profitéiere fir seng Haut ze schützen.
Dat hänkt natierlech vill vum Hauttyp of. Wann een en hellen Hauttyp huet, brauch een e bësselche méi Sonnecrème wéi e matten oder en donkelen Hauttyp. Dann hänkt et och vun der Joreszäit of, am Wanter ass d'Sonn manner staark wéi am Summer, vun der Dageszäit. Em 12 Auer wann d'Sonn am Zenit steet, ass se am stäerksten. Dann hänkt et natierlech och e bësse vum Job of. Wann ech elo als Gäertner de ganzen Dag dobausse sinn, brauch ech natierlech vill méi Sonnecrème wéi elo een, dee just am Büro sech ophält.
Vill Dagescrèmen hunn d'office schonn s e Liichtschutzfaktor 30 fir eben eng méi laang Protektioun géint d'Sonnestrale ze ginn. Wichteg ass och mat der Sonnecrème net ze spueren.
A reegelméisseg nocrèmen. An dann dat anert ass effektiv en individuelle Choix, fir wéi eng Crème ech mech dann entscheeden.
Ok, da ginn et net an d'Sonn, mä eben an de Solarium. Do gi bei der Dermatologin déi rout Luuchten un.
Vu Solarium muss ech op alle Fall ofroden. Do gi virun allem UVA-Stralen ofginn. Déi sinn och méi schwéier sech do virdrun ze schützen an déi maache méi DNA-Scheed wéi en UV-B. Also op alle Fall den Solarium sollt ee vermeiden.
Eis Haut ass en Organ, am Fong dat Villsäitegst an dat muss wéi all déi aner Organer geschützt ginn, vu jonkem Alter un. Kuckt op radio.rtl.lu fir weider Detailer iwwert de Sonneschutz, do hu mir Iech weider Detailer vun der Fondation Cancer online gesat fir dee beschte Schutz fir är Haut ze sécheren.
Kuckt hei op den Internetsite vun der Fondation Cancer: