Duerch d'Begriefnis vum Poopst Franziskus an d'Wiel vum neie Poopst huet een an de leschte Woche vill Biller vu Roum gesinn. Hutt dir iech dobäi och heiansdo gefrot, wéi déi éiweg Stad an den Zäite vun de Keeser a Gladiatoren ausgesinn huet? Wann iech dat interesséiert, ass d'Peacock-Serie Those about to die op Amazon Prime dat richtegt fir iech.

21/05/2025 Série iwwer Sérien (Those about to die)

Schonn eleng beim Titel Those about to die denkt ee warscheinlech direkt un déi bluddeg Gladiatorekämpf, mä fir d'éischt ass een an der historescher Serie awer emol bei de Päerdsrennen am Circus Maxismus, ier et dann an de Kolosseum geet, dee grad fäerdeg gebaut gouf. A ronderëm déi Spektakele fir d'Vollek stinn Intrigen a politesch Spillercher am Zentrum vun der Handlung. Kuckt iech den Trailer un.

D'Erwaardunge waren duerch Nimm wéi Roland Emmerich an Anthony Hopkins, deen de Kaiser Vespasian spillt, natierlech grouss, mä si kënnen net ganz gehale ginn. Wéi ganz vill Serië mat ville CGI-Special Effects gouf um Script gespuert. D'Geschicht ass net iwwerraschend, et bedéngt ee sech ville Klischeeën an d'Dialoger sinn e bësse banal. Et fënnt ee vläicht e bëssen ze vill Roland-Emmerich-Hollywood an der Serie erëm.

Mä wie gutt gedréite Kampfzeenen a vill Brutalitéit gär huet, kënnt op seng Käschten.

An och wann d'CGI-Biller net ëmmer ganz gelonge sinn, ass et awer spektakulär de Forum Romanum, de Kolosseum oder den Circus Maximus an hirer ganzer Pracht ze gesinn.

Those about to die ass op Amazon Prime. Vill Spaass beim Kucken.