
© Patrick Greis
Musek, Moud a Synchronschwammen, waren déi 3 Themen iwwer déi den Olivier Catani mat sengen Invitéeën geschwat huet. Am Studio vum LIVE! planet people waren de Charel Schmitz alias Skuto, Oliver Schermuly an d'Bianca Solci.

Mat fonkelneiem Material vum Debüt-Album 'ze spéit' ass de Skuto als Rapper op Lëtzebuerg komm. Säin Häerz schléit zwar fir d'Musek awer zu Wien studéiert hien Physik.


Schonn als Kand huet den Oliver Schermuly Moud am Kapp gehat an elo huet hien säin eegenen Label 'LONSOM' gegrënnt, wou hien zB bekannte Rapper a säin Frënd Leandro Barreiro agekleet huet.


An enger Woch steet 'Artistic Swimming' um Campus Geesseknäppchen am Mëttelpunkt, an d'Bianca Solci hofft op eng Plaz op der Träppchen.
