De Jos Zervas ass bekannt duerch de Melusina an aner Kult-Lokaler an der Stad. Hien huet scho mat 15 Joer geschafft fir sech eng 'Levis' Jeans ze leeschten. Am 'Café des artistes' am Gronn zielt de Jos dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten dat hien de Warm-up fir den David Guetta gemaach huet, dem Gérard Depardieu Wäi verkaaft huet an dem Monica Semedo eng ganz Camionnette Blummen geschenkt huet. Hie war derbäi wéi d'Gëlle Fra am Stadion erëmfonnt gouf an hat e Bett am Melu opgestallt wou et richteg zur Saach goung. Piano: Marc Schmidt

12-05-2025 RTL-Afterwork: mam Jos Zervas (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt de Jos Zervas firwat hie Chrëschtdag net méi opmécht. Mir gi gewuer wéi streng d'Reegele ware fir an der Zäit an de Melu eragelooss ze ginn a kréien all Detailer vun enger Party wou e Bett op der Danzpist stoung.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen