De Jos Zervas ass zu Eech gebuer, der Heemecht vun de Lakerten, wou et och dacks zu Sträit koum. Hien ass e Mann wéi e Schaf a mat senger däischterer Stëmm kënnt een e fäerten. Am 'Café des artistes' am Gronn huet de fréieren Chef vun der Q Bar, dem Melusina, dem Palais an elo dem 'Wëllem' dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten munch verréckten Geschicht aus senger laanger Karriär opgedëscht. Piano: Marc Schmidt

13-05-2025 RTL-Afterwork: mam Jos Zervas (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Jos Zervas iwwer seng Zäit am Melu, wou et direkt zweemol gebrannt huet. Hien zielt wéi d'Botzfra eng Kéier opgereegt war, well en opgewéckelten Teppech lieweg ginn ass a  verréit wéi grouss seng Lëscht mat Vergoen bei der Police ass,

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen