Hien huet Fussball gespillt, Musek gemaach a beim 'Service des Sports' op der Stater Gemeng geschafft. Bekannt ginn ass hien awer duerch seng Boîtten déi hien gefouert huet wéi de Café 'New York', Q Bar, de Melusina, spéider de 'Palais' an elo 'De Wëllem' vis-à-vis vum Knuedler. Am 'Café des artistes' huet hien mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten eng kloer Sprooch geschwat. Piano: Marc Schmidt

14-05-2025 RTL-Afterwork: mam Jos Zervas (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 erënnert de Jos Zervas un Soiréeën am Melu mam Bob Sinclar, Martin Solveig an Laurent Garnier, an deenen hier Starallüren. Hien verréit dass hien viru laange Joren dem Gérard Depardieu eng Këscht deieren roude Wäin verkaaft huet an hien schwätzt vu Politiker déi sech an der Zäit a senge Lokaler de Batti gestallt huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen