
© Patrick Greis
De Jos Zervas ass zanter ëmmer verankert an der Gastronomie. Als Mann vum Nuetsliewen huet hien ville Jonken d'Freideger a Samschdeger zu engem onvergiessleche Souvenir gemaach. Sief et am 'Melusina' oder dem 'Palais' an elo am 'Wëllem' vis-à-vis vum Knuedler. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och dem Jos säin Talent als Museker ugeschwat. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Jos Zervas iwwer Krunnemécken déi net Heem goe wëllen. Mir ginn gewuer, dass säin schéinste Goal deen hien geschoss huet e Selbstgol war, an héieren dass hien Geschicht matgeschriwwen huet, wéi d'Gëlle Fra am Stadion erëmfonnt ginn ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen