De Jos Zervas weess wat et heescht richteg unzepaken. Schonn als Teenie huet hien a Baren geschafft fir sech en Täschegeld ze verdéngen. No engem Job an engem Sportsgeschäft a senger Zäit am 'Service des Sports' vun der Gemeng huet hien sech selbststänneg gemaach als Chef vu verschiddenen Etablissementer wou de 'Melusina' ganz kloer erausstécht. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten dem Jos iwwer d'Nuetsliewen op den Zant gefillt an hien huet ausgepaakt. Piano: Marc Schmidt

16-05-2025 RTL-Afterwork: mam Jos Zervas (Freideg)

Muer géint 17h15 muss de Jos Zervas sech tëscht Pyjama a plakeg am Bett entscheeden. Hien weist seng romantesch Oder mat enger Camionnette Blummen fir d'Monica Semedo an zielt eng speziell Geschicht vun der Päischtcroisière, wou och den Dan eng net onwichteg Roll spillt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen