
© Patrick Greis
Rau Schuel a mëlle Kär, kann ee soen wann een verschidden Geschichten vum Jos Zervas héiert. De Mann deen hannert dem Café New York, Q Bar, Melusina, Palais an 'de Wëllem' steet. De Pafendaller ass als Kand zwar kengem Sträit aus de Féiss gaangen, mee hien hat och seng roueg, gemittlech a romantesch Momenter. Am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten keng opgehaange, mee ass schéin bei der Wourecht bliwwen och wann et ëm seng Privatgeschichten goung. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Jean Bour. De fréiere Procureur vun Dikrech zielt firwat hien déi Richtung ageschloen huet an net Reporter ginn ass. Déi wëll Zäit als Massendénger, seng Stagen beim Papp als Schneider, déi schéin Joren op der Uni, eng Autopsie just virum Begriefnis, d'Rechtsmedezin vu fréier, seng Ausenanersetzungen mam Maître Vogel, eng witzeg Renconter mam Grand-Duc, d'Karriär als Acteur an d'Lidd vum Hexemeeschter sinn aner Themen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen