
© Patrick Greis
De Mäertchen ass zréck, op senger gewinnter Plaz. Nom Laangzäitschantjen um Knuedler, sinn d'Buden nees zréck um Knuedler, awer mat engem neien Konzept. Wéi huelen d'Clienten déi 'nei' al Plaz un? Wéi gefält et hinnen ënner dem groussen Zelt, wou d'Iessbuden sech ronderëm zéien an een an der Mëtt gemittlech iessen kann?

Den Oktavmäertchen ass awer méi wéi eng grouss Kiermes. Kommen d'Leit just heihinner fir sech z'ameséieren oder ginn se och nach bis niewendrun an d'Kathedral?

A wat soen d'Forainen déi der 'Gëlle Fra' de Réck gedréit hunn, fir sech op e neit Konzept anzeloossen? Sinn se zefridden mam éischte WE, deen fir si schonn e Freideg um Feierdag lass goung?
