
Fans vun der Kultserie "Desperate Housewives“ kënne sech freeën. Geschwë soll et nämlech e Revival dovunner ginn. Dat mat engem neie Projet mam Numm „Wisteria Lane“. Nicky Soisson.
Et soll sech hei ëm eng, soe mer mol, nei Interpretatioun vun der ursprénglecher Geschicht handelen. Hannert dëser neier Serie soll dem Kerry Washington's seng Produktiounsfirma «Simpson Street» stiechen. Et wier awer nach net kloer ob d'Schauspillerin, déi ënnert anerem duerch hier Haaptroll an der Serie "Scandal" bekannt ass, selwer och eng Roll iwwerhuele kéint.
D'Dréibuch fir «Wisteria Lane» kënnt aus der Fieder vum Natalie Chaidez, bekannt durch „The Flight Attendant“. Si soll deem Ganzen déi richteg Mëschung aus Witz, Wansinn an donkeler Comedy verpassen. Am Mëttelpunkt nees eng Grupp vu 5 ganz ënnerschiddleche Frëndinne déi all an der Wisteria Lane wunnen an e scheinbar perfekt Liewe féieren. Dat mat flotten Haiser, schéine Famillen an decken Autoen an der Afaart. Ma hannert dëser Fassad verbierge sech eng Partie donkel Geheimnisser.
Och an der original Serie huet sech alles ëm 5 Frae gedréint, déi an der Wisteria Lane liewen an donkel Geheimnisser an Intrigen opdecken. Déi amerikanesch Serie ass 2012, no 8 erfollegräiche Staffelen op en Enn komm. Säitdeem waarden d'Fans op eng Neioplo vum Format.
Spekulatioune goufen et an der lescht dann och vill, dat well d'Serie déi direkt e puer Golden Globes an Emmye gewonnen huet, lescht Joer hiren 20. Gebuertsdag gefeiert huet.
Ma d'Staren aus «Desperate Housewives» sollen US-Medien no net an der neier Serie optauchen. Wéi eng Schauspillerinnen elo d'Haaptrollen iwwerhuele wäerten, ass bis ewell awer nach net bekannt.Genee sou wéi den Ament wéini dës nei Serie da wäert ze gesi sinn.