
© Frank Meiers-cheese.lu
Wéi verhält eist Gehier Informatiounen am beschten?
E Lidd eng Kéier héieren – an de Refrain sëtzt. Aner Wëssensberäicher bereede engem dacks vill méi Kappzerbrieches. Wéi kënnt dat? Dëse Phänomen huet mat der Aart a Weis ze dinn, wéi eist Gehier funktionéiert – an et léisst sech wëssenschaftlech erklären.
Mr Science, ech hunn dem Laura Thorn sain Eurovisioun-Lidd nëmmen eng Kéier gelauschtert a konnt de Refrain direkt auswenneg. Wär dat nëmmen an der Schoul esou gewiescht! Firwat verhalen ech d'Texter vu Lidder esou einfach, woubäi ech mat thermodynamesche Formelen ëmmer hu misse kämpfen?
Et gëtt etlech Grënn, firwat eist Gehier d'Songtexter méi einfach späichert ewéi komplex wëssenschaftlech Formelen. Dee Wichtegsten ass wuel, datt d'Texter vu Lidder – am Géigesaz zu thermodynamesche Formelen – mat Musek a rhythmesche Mustere verbonne sinn. Dat ënnerstëtzt d'Gediechtnes, well de Rhythmus an d'Melodie méi Gehierberäicher gläichzäiteg aktivéieren. Zum Beispill Zonen, déi fir d'Beewegungsplanung an d'Zäitgefill zoustänneg sinn. Dofir brauchs du emol net selwer Musek ze maachen. Et geet duer, se einfach nëmmen ze lauschteren.
Wann dës ënnerschiddlech Gehierberäicher beim Museklauschteren aktiv ginn, verbessert sech d'Fäegkeet vum Gehier, sech ze veränneren an unzepassen – also, ganz einfach, ze léieren.
Spillt d'Widderhuelung vun Textdeeler, zum Beispill am Refrain, och eng Roll?
Absolut! A Lidder ginn dacks bestëmmt Wierder, Sätz oder Melodieabschnitter widderholl. A Widderhuelung ass eng bewäert Method, fir sech Informatioune séier an dauerhaft ze mierken. Zum Beispill den Text vu Lidder, mee och Vokabelen. Wëssenschaftlech Formelen dogéint si meeschtens komplex a beinhalte keng Widderhuelungen. Et ass deementspriechend méi schwiereg, se am Kapp ze behalen.
E weidere wichtege Punkt ass, datt Lidder ganz oft eis Gefiller uspriechen. Awer den éischten Haaptsaz vun der Thermodynamik bewierkt dat nëmme bei ganz wéinege Leit. Emotioune spillen awer eng entscheedend Roll dobäi, wéi mir Informatioune späicheren an ofruffen. E Lidd, dat eis beréiert oder u besonnesch Momenter erënnert, bleift eis einfach am Gediechtnes.
An iergendwéi erziele Lidder jo meeschtens eng Geschicht. Spillt dat och eng Roll?
Op jidde Fall. Eist Gehier ass besonnesch gutt doranner, Geschichten ze späicheren. Abstrakt Informatiounen ewéi thermodynamesch Formele si schwéier ze verschaffen an ze verhalen, well se – zumindest fir déi meescht – keng Geschicht erzielen an e komplizéierte Kontext hunn.
Beim ESC gesinn ech d‘Sänger, héieren de Gesank a schloen eventuell den Takt. Am Physiksbuch liesen ech nëmmen.
Wann een net nëmme liest, kann dat beim léieren hëllefen. Musek ass e multisensorescht Erliefnis, schwätzt also méi Sënner un. Dës Kombinatioun aus Lauschteren, Gesinn an der Perceptioun vu Kierperbeweegunge kann d'Leeschtung vum Gediechtnes staark verbesseren. Eng Formel dogéint schwätzt meeschtens nëmmen de visuelle Sënn un a fuerdert e Verständnis vun de Konzepter, déi dohannertstiechen, fir datt se och hänke bleift.
Kéint Léieren duerch Lidder eng praktesch Method sinn, fir sech geziilt Saachen ze mierken?
Ganz am Eescht: Et gëtt kreativ Usätz, fir an der Bildung mat Musek ze schaffen; an och fir wëssenschaftlech Konzepter duerch Musek, Lidder oder Danz ze vermëttelen. Ee Beispill ass de Concours 'Dance your PhD'. Hei probéiere Fuerscher, d'Theema vun hirer Dokteraarbecht mathëllef vun enger Choreographie ze vermëttelen. Kreativ Usätz, fir an der Bildung mat Musek ze schaffen, kënne wierklech dozou bäidroen, d'Léieren ze verbesseren. Fuerscher schaffen och drun, fir esou Bildungskonzepter weiderzeentwéckelen. Et bleift also spannend an der Fuerschung.