Et gëtt vill widderspréchlech Aussoen zu dem Thema 'Infraschall' a Verbindung mat Wandturbinnen. Et geet also 'net' ëm déi Geräischer déi een héiert, mee ëm den Infraschall, also ganz ganz déif Téin. Den Dokter Marc Keipes vum GesondheetsZenter op der Gare ass op eng Etüd gestouss an där australesch Wëssenschaftler sech eng Placebokontrolléiert an och randomiséiert Cross-Over Studie ausgeduecht hunn, fir dat objektiv ze testen.

An engem schallisoléierten Schloflabo sinn geräischsensitiv Persounen 3x mat 10 Deeg Intervall 5 Deeg am Schloflabo bliwwen. Zwee Deeg fir sech un d'Situatioun vum Labo, vun der Verkablung etc ze gewinnen an 3 Deeg mat entweder Infraschall, dann eemol guer keen Sound oder eemol mat Stroossentraficskaméidi. D'Reiefolleg war aléatoire. Souwuel d'Fleegepersonal, d'Dokteren wéi d'Patienten goufen gefrot ob si den Infraschall géingen héieren duerch aléatoire Un- an ausmaachen. Mee all Geräischer ënner enger Frequenz vun 80Hz goufen net erkannt.

Dr Marc Keipes - Wandturbinnen - Etüd

Wärend dem Dag goufen dann Neurokognitiv Tester gemaach déi op Konzentratiounsfähegkeet, Vigilance, Memoirestester etc ausgeriicht waren.

Weiderhin gouf och 24 Stonnen Bluttdrock a Bols, Stress an Entzündungswerter am Blutt, Elastizitéit vun den Oderen, Stresshormoner, Urin a nach vill weider Saachen gemooss, an dat bei all Kandidat an all Kéier mat deenen 3 verschiddenen Situatiounen. An allen Tester mat Infraschall oder Nullexpositioun sinn normal gewiescht. Just beim Stroossekaméidi waren d'Resultater vun den Tester signifikativ manner gutt. Gutt dass dat een fir allemol gekläert ass. Wann ee sech nieft engem Wandrad net gutt fillt ass dat e Placeboeffekt mee net real.

Dr Marc Keipes - Wandturbinnen - Resultater