De fréiere Procureur vun Dikrech, deen haut seng 82 feiert, verréit firwat hien déi Richtung ageschloen huet an net Reporter ginn ass. Am 'Café des artistes' am Gronn zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer déi wëll Zäit als Massendénger, déi schéi Joren op der Uni an eng Autopsie just virum Begriefnis. Am Gespréich geet et awer och ëm d'Rechtsmedezin vu fréier, seng Ausenanersetzunge mam Maître Vogel, eng witzeg Renconter mam Grand-Duc, seng Karriär als Acteur an hien séngt Lidd vum Hexemeeschter. Piano: Marc Schmidt

19-05-2025 RTL-Afterwork: mam Jean Bour (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt de fréiere Procureur vun Dikrech Jean Bour, dass hie sech als Massendénger op d'Begriefnisser gefreet huet. Mir gi méi gewuer iwwer d'Stage bei sengem Papp an der Schneiderei. a mir héieren, dass hien eng Kéier mam Maître e Concours gemaach huet wie vun hinnen am häertste jäize kann.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen