'Les crimes devant les magistrats luxembourgeois' heescht e Buch vum Jurist, Penalist a laangjärege Procureur vun Dikrech Jean Bour, wou hien op bal 500 Säiten iwwer seng grouss Experienz schreift. Am 'Café des artistes' goufe vill interessant Geschichte vum Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten aus him eraus gekëddelt, wou och seng Jugend thematiséiert gouf. Piano: Marc Schmidt

20-05-2025 RTL-Afterwork: mam Jean Bour (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Jean Bour iwwer seng Studentenzäit, wou hie reegelméisseg an de Course war a seng Kolleegen, déi geschwänzt hunn, gedeckt huet. Mir gi gewuer, dass hien e schlechte Ligener ass an hien zielt d'Geschicht vun enger Obduktioun, déi just virum Begriefnis gemaach gouf, a wat bal net laanscht enee gaange war.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen