
© Patrick Greis
Bal 40 Joer war de Jean Bour am Éislek aktiv. Als Procureur vun Dikrech huet hien de Banditten d'Liewe schwéier gemaach an ass iwwerzeegt, dass am Norde vum Land grad sou vill kriminell Energie besteet wéi an anere Géigende vum Land, och wann ee mengt, datt do alles méi idyllesch wier. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten eng Impressioun kritt wouhinner säi Liewenswee gefouert huet. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 verréit de Jean Bour, ob een als Procureur eng extra Wurscht gebrode kritt wann een an eng Policekontroll fält. Mir gi gewuer wéi eng wichteg Roll seng Fra beim Autofuere spillt an héiere wéi vill Spaass de Grand-Duc Henri versteet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen