
© Patrick Greis
Op der Televisioun gëtt näischt léiwer gekuckt wéi Krimien. De Jean Bour war als Procureur vun Dikrech ganz no drun. 1974 huet hien seng Karriär als Ënnersichungsriichter ugefaange, fir spéider Riichter, Friddensriichter an dunn nach emol 17 Joer als Procureur ze schaffen ier hien 2011 mat 68 Joer a Pensioun gaangen ass. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten 1001 Froen op der Zong gehat. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 mécht de Jean Bour den Ënnerscheed tëscht 'Assassinat' a 'meurtre. Hien seet firwat hien näischt fir d'Politik gewiescht wier, a wéi en zum Acteur ginn ass. A mir ginn gewuer op richteg Fäll genee sou oflafen wéi een ëmmer op der Televisioun gesäit.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen